top of page
Search

Dei wiichtegst 10 Saachen u wat een denke muss wann dir är eegen Hochzäit plangt!

Et ass souwäit. Dir hutt iech verloobt, oder zesummen entscheet fir iech ze bestueden.


De Kapp ass voller Iddien, d'Häerz schléit mei séier, an et weess een net genau wou ufänken. Et ass och effektiv u vill ze denke wann een seng Hochzäit well selwer plangen. 

Eng Léisung fir sech de Stress ze spueren ass en Hochzäitsplanner. Mee ween net den Wee geet, muss kucken datt en un alles denkt.


An dofir erstellen ech iech mol eng Lëscht, sou datt dir och näischt vergiesst.


  1. Den Datum. Loossen mer mol bei eppes Essentiellem starten, an zwar ass daat den Datum. Vläicht gëtt et jo ee speziellen Datum deen iech wichteg ass, oder iech gefält eng bestëmmten Zuel-Kombinatioun sou wei z.B. de 24.4.24.


Wann dir bis den Datum wësst, komme mir zum nächste Schrëtt.


2. Eng Location (eng Plaz) auswielen. Falls dir do schonn Iddien am Kapp hutt, kennt dir eng Ufro maachen a kucken op ären Datum (deen dir virdrun erausgesicht hutt) iwwerhaapt nach fräi ass. Falls net, musst dir fir iech kucke wat mei wichteg ass, den Datum oder d'Location. Zur Inspo: https://www.weddings-in-luxembourg.com/post/best-wedding-venues-in-and-around-luxembourg



W.e.g eppes dobäi berücksichtegen, vill Plaze si schonn iwwert e Joer am viraus ausgebucht, zumools fir Samstes.


3. Gemeng, Kierch, eng oppen Trauung? Wat ass iech do wichteg? Och do muss een mam Datum kucken ob daat passt.



4. Iessen an Kuch! Wann dir bis eng Plaz an en Datum hutt, wier den nächste Schrëtt ze kucken ob déi Plaz och direkt d'Iesse mat inclus am Präis huet oder ob dir musst e separaten Traiteur engagéieren. Wiichteg och, den Menü festleen, suguer eventuell virdrun en Test maachen mam Traiteur. Den Hochzaitskuch ass meeschtens separat bei engem Bäcker ze bestellen.



5. Invitatioune schreiwen. Dir wësst jo lo schonn mol den Datum an är Plaz, dat heescht dir wësst och wéivill Leit dir iwwerhaapt kennt oder duerft alueden. 



6. De Fotograf(in). Eventuell schonn no engem Fotograf kucken, deenen seng Fotoen ee schonn kéint op der Invitatioun benotzen? Dat wier och keng schlecht Iddi, well sou kéint ee schonn mol testen ob engem de Stil vum Fotograf iwwerhaapt zouseet. An dann natierlech huet een jo schon den Datum, daat heescht et kann een nofroen ob deen Zait huet.



7. En DJ fanne fir op der Hochzäit ass och eng Saach déi ee muss a Betruecht zéien. Vläicht hutt dir jo schonn mol enger Hochzäit vu Kollegen een DJ gehat deem säin Stil engem gefall huet, also kéint een do mol nofroen. Gudd Stëmmung ass emmer gudd!

Eventuell och en Sänger(in) oder Pianist(in).



8. Dekoratioun spillt eng Roll déi net ze ënnerschätzen ass. Do ass drun ze denke vum Fleuriste, bis hin zu wat op den Dëscher ass. Dëschdekoratioun, Hochzäits-Blummenbouquet, Kaarten um Dësch, e Kaddo fir d'Gäscht, Dekoratioun bei der Zeremonie etc. 



9. Den Hochzäitsrack an de Kostüm eraussichen. Och do oppassen dat zur Zäit ze maachen, falls mussen Aennerungen vum Schneider virgeholl ginn.



10. Hochzäitsréng kafen. 



Voilà, dat do ass eng Lëscht déi ech iech mat op de Wee ginn, an dann duerft ärer Hochzäit näischt mei am Wee stoen. 





73 views0 comments

Recent Posts

See All
bottom of page